Videoen Chamberwalen 2018

Weder Fraen- nach Männerfeindlechkeet!

Ech plädéieren fir e Matenee vu Mann a Fra a kritiséieren déi eesäiteg Vuë vun der Regierung a vu radikale Feministen, déi de Mann als „toxesch“ duerstellen.

——————————-

Neither misogyny nor misandry

I plead for an attitude of brotherhood and empathy of men and women and I am grateful that I could explain ADR’s view on these topics in a short radio statement which you can listen to in this ‘video’ with Luxembourgish and English subtitles.


Weder Fraen- nach Männerfeindlechkeet!

Ech plädéieren fir e Matenee vu Mann a Fra a kritiséieren déi eesäiteg Vuë vun der Regierung a vu radikale Feministen, déi de Mann als „toxesch“ duerstellen.

——————————-

Ni misogyne ni misandrique

Je plaide pour une politique de la fraternité et de la bienveillance
des hommes et des femmes et je critique les méthodes partiales du gouvernement et des féministes radicales pour qui l’homme est “toxique”.


Integratiounssprooch Lëtzebuergesch:

D’Marie-Andrée Faber-Schanen bréngt et op de Punkt.


Fir eng gerecht Verdeelung vun de Sozialwunnengen

Anescht ewéi d’Sozialisten ass d’ADR fir eng gerecht an transparent Verdeelung vun de Sozialwunnengen.

D’ADR ass och net der Meenung datt d’Leit elo solle bevirdeelegt ginn, déi de Statut vun der ‚Protection Internationale‘ kritt hunn, well wéi vill aner Leit waarde scho laang op eng Wunneng déi se op mannst genee esou néideg hunn.

Dofir si mir fir eng eenzeg an transparent Lëscht no klore Kritären ewéi z.Bsp. d’Unzuel vun de Kanner oder wéi laang ee scho waart.

Nëmmen esou fillt kee sech benodeelegt an et komme keng Spannungen op.


D’ADR passt d’Steierklass 1a esou un, datt déi Ongerechtegkeeten ofgeschaaft ginn, déi duerch d’Reklassement vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1 – ënnert anerem fir Wittleit entstane sinn.


D’ADR an hiert Elteregeld waren zimlech an der Mëtt vun der RTLs-Diskussioun iwwer d’Familljepolitik:

Eiser Partei geet et mam Elteregeld dorëm, datt jonk Elteren net musse schaffe goen an ouni Problemer och hir Kanner doheem kënnen erzéien an dat mat eegen Pensiounsuspréch.

Dee Modell erlaabt also der jonker Koppel, déi Kanner kritt, ze kucken, wéi si wëlle liewen.


Am Face-à-Face live um 100,7 zum Thema: 

Der ADR hir Positioun si kloer méi buedemstänneg a realistesch ewéi deene Gréngen hir.

Hei d’Äntwerten zum M. Molitor senge Froen zur d’Finanzplaz, zu enger Käschte-Notzen Analyse déi d’ADR virun all Néierloossung vun engem Betrib freet oder wéi eng Betriber mer zu Lëtzebuerg wëllen a wat mir vu Space-Mining halen.


RTL Reportage zur Pressekonferenz vun den ADR Frae vum 14.08.2018 mat de 3 Zentrumskandidatinne Goulnora Soultanova, Vizepresidentin vun de Fraen, Marie-Andrée Faber-Schanen a Nadejda Trotsenko, alle béid Komiteesmember a mat mir als Presidentin vun de Fraen a Kandidatin am Süden


Der ADR ass et wichteg, datt d’Famillje selwer entscheede kennen, wéi si hir Privat- a Beruffsliewen ënnert een Hutt bréngen.

Mir wëllen, datt all Familljen, ob mat zwee Elteren oder elengerzéiend,  d’selwecht behandelt ginn.

Mam ADR Kannergeld fir ALL Famill, hutt Der de Choix ob Der zu zwee schaffe gitt oder ee beim Nowuess bléift.

https://www.youtube.com/watch?v=97dlLXfDUXc&t=9s

Als Politiker muss een de Leit hier Suergen a Problemer kenne fir kënnen zesumme mat senger Partei no Léisungen ze sichen.

Dofir ginn ech esou oft et nëmme geet ënnert Leit. An heiansdo huelen ech d’Kamera mat.

https://www.youtube.com/watch?v=tyt5yNuf7wo

D’Leit hei zu Lëtzebuerg alleguer, awer besonnesch déi eeler an déi schwaach, solle sech a Sécherheet fillen a net musse fäerten op d’Strooss ze goen.

Mir brauchen:

  • vereinfacht Identitéitskontrollen;
  • d’Méiglechkeet vum Plazverweis;
  • déi néideg Mëttel fir d’Police;
  • a villes méi.

https://www.youtube.com/watch?v=gfdWQeaXgJo