Fir eng gerecht Verdeelung vun de Sozialwunnengen
Anescht ewéi d’Sozialisten ass d’ADR fir eng gerecht an transparent Verdeelung vun de Sozialwunnengen.
D’ADR ass och net der Meenung datt d’Leit elo solle bevirdeelegt ginn, déi de Statut vun der ‚Protection Internationale‘ kritt hunn, well wéi vill aner Leit waarde scho laang op eng Wunneng déi se op mannst genee esou néideg hunn.
Dofir si mir fir eng eenzeg an transparent Lëscht no klore Kritären ewéi z.Bsp. d’Unzuel vun de Kanner oder wéi laang ee scho waart.
Nëmmen esou fillt kee sech benodeelegt an et komme keng Spannungen op.