fbpx
image_pdfimage_print

Bal all Dag liesen oder héieren ech vu politeschen Entscheedungen, déi ech net richteg fannen, déi ech geféierlech fannen, déi mech iergeren.

Als mëndege Bierger well ech et net einfach dobäi si loossen, mä meng Verantwortung iwwerhuelen a mech asetze fir selwer d’Saach an d’Hand ze huelen a probéieren et besser ze maachen.

Et gëtt vill politesch Themen, déi mech interesséieren. Stellvertriedend fir se all, hei eng kleng net exhaustiv Oplëschtung:

Famill; Kanner; Gesondheet; Alter- a Fleegeversécherung; Mëttelstand a Landwirtschaft; Verstänneg Ëmweltpolitik; Migratiounsproblematik; Staatsfinanzen; Europapolitik, a.s.w.

Fir mech kennen an der Chamber an dësen an och an anere Beräicher anzesetze mat

Leidenschaft, Verantwortung an Aemooss

kandidéieren ech fir d’Chamberwahlen de 14. Oktober 2018.

Zesumme mat menger Partei der ADR awer och mat Iech, dem Wieler, kenne mir de Changement erbäiféieren.

Close Menu
%d bloggers like this: