Perséinlech – D’Gesellschaft sollt …

Eis Lëtzebuerger Gesellschaft soll sech un Hand vu folgenden Eegenschaften auszeechnen:

———————–

Se soll sozial a solidaresch sinn: déi, déi Hëllef brauchen, musse gehollef kréien.

———————–

Jiddereen deen eppes erreeche wëll an déi néideg Qualifikatioune matbréngt, soll dat och kennen.

———————–

Lëtzebuerg muss eng Integratiounsgesellschaft sinn, déi sech ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch solidaresch a kohärent zesummefënnt.

———————–

Eis Gesellschaft baséiert op deene jüddesch-chrëschtleche Wäerter.

———————–