De Staat soll just d’Rahmebedingunge setze wei mer zu Lëtzebuerg solle liewen.
———————–
E soll diskret sinn an esou wéineg ewéi méiglech an d’Liewe vun de Leit agräifen.
———————–
E soll minimal invasiv sinn, fir datt d’Leit
zu Lëtzebuerg kennen eegestänneg a selbstbestëmmt liewen.
———————–
De Staat huet déi baussenzeg a bannenzeg Sécherheet
vum Land a vun de Leit ze garantéieren.
———————–
Hien huet fir eng onofhängeg Justiz ze suergen
a fir e gratis Educatiounssystem op héijem Niveau.
———————–
Donieft huet de Staat wichteg sozial Aufgaben
ewéi z.Bsp. de Gesondheetssystem,
d’Altersversuergung an déi sozial Solidaritéit ze organiséieren.